CAMPING RESIDENTIEL MONDORF-LES-BAINS

01.03.2005

17.02.2005

November 2004

September 2004

01.09.2004



18.02.2005


Nol op de Kapp

28.02.05

Feldhären, Diktatoren etc. goufen et zu allen Zaiten, haut och nach z.b. Bush. Hei am Land gin et déier och, oder sie versichen et ob allefall emol. Sie notzen hier Positioun aus fier hier éjen Bedürfnisser an fier aaner Leit an de Misair ze geheien. Zu Mondorf hu mier de Fall wou d' Madame Nagel décidéiert huet de Camping zou ze maan? Et ass net en einfachen Camping né et ass oder waar e Camping Résidentiel, daat hécht hei wunnen Leit d'ganzt Joer duerch. Eng ganz partie sin och do ugemèllt. An elo soll e bémol dô zou gemaach gin. Né falsch! Esou gouf gesoot, awer waat wierklech dohannert stöcht wéss nömmen én. Naja daat léisst dann d'méijlechkét ob fier die verschiddenst Spékulatiounen ........

Fier déi die de Camping nët kènnen, hei en klèngen Historique; Et muss 1982 gewiecht sin wou den Camping Résidentiel den Dâch gesin huet. Do waar eng Partie Bösch vum aale Camping nidder gemaach gin fier dann Plaatz ze maan fier Mobilhomer an Chalet(en) ob ze riechten. Et gouff eng Infrastruktur wie bei enger Neibausiedlung (Cité). Et ass eng Strooss die den Tour möcht, all Plaatz huet (besser gesoot haat) sain Waasseruschloss, Elektrësch an Kanalisatioun(also Ooffloss), den Telefon gouff spéider och nach gelued. D'Gemèng an de Syndicat huet sech démols all Méi gin fier die Saach attraktiv ze gestalten an fier Leit ze kréien die sech hei installéieren. Vun Ufank un kuunt én sech do umèllen an sain Domizil do huelen. Vill Leit hun sech vun der Idie lakkelen geloos an am Ufank mat gehollef aus dém Stéck aale Bösch mat schlèchtem Buerdem sech mat vill Aarbecht an Investitiounen en neit Dohém geschaafen. Et huet sech mat der Zait eng nei Liewensastellung an en neit Liewensgefill an der Natur, fier all die Awunner installéiert. Ech selwer hun main éichten Mobilhome 1984 do obgeriecht an an dénen 20 Joer die vergaang sin sou manches erlieft. Den Terrain huet och emol de Patron gewiesselt an och méi dax den Gérant. Dé lèschten, dé waar zu eppes besserem beruff? Dén haat vun Ufank un nöt d'Beruffung fier e Camping ze géréeren mé fier eppes aanechter drauss ze maan? Sain Background huet gemaach dass hien wollt eppes fier handikapéiert Kanner do obriechten? Fier d'aller éicht ass emol en Trampolin obgeriecht gin (wou d'Gemèng d'Fondatiounen bezuelt huet). Naja, rentabel waar en net. De Camping ass vernôléissecht gin an ob d'Leit ass e bémol Drock gemaach gin. Drock fier dass se sollen fort goen?? Ierjendwann ass dann vun engem Projet geschwaat gin dass d'Gemèng wielt Chaléen obriechten an verlounen? Oder dass handikapéiert Kanner können hei and Vakanz kommen an da giff och nach en Freizeit a Spill Parcour obgeriecht gin? Eng Haal soll obgeriecht gin ?? Dann huet dé gudde Mann émol velauden gelooss dass hien vun der Gemèng bestömmt gi wier fier hei emol obzeraumen an die Résidentiel Campeuren ze verdreiwen? Ausserdém gött mat handikapéierten Kanner vill méi Geld verdingt wie mat dénen Zigeiner Buden?? An wann Chaléen fier die Handikapéert obgeriecht gin an eng Infrastruktur geschaafe göt wie an engem Camp de Vacance da krit d'Gemèng och nach eng Subventioun vun der EU?? Aha, daat ganzt gét also öm de Goss? Naja, also wie gesoot, alles nömmen Spekulatiounen, wèll de gudden Mann dén eis gekönnecht huet ass elo sèlwer net mie dô. D' Gemèng huet am Prinzip nach kèngem gekönnecht awer huet schon verschiddenen de Strom an d'Waasser oofgeschnidden, ounie e Beschéd eraus ze gin ? An de Stroom ass net oofgespuart gin awer ob eng ganz barbarech Aard a Weis oofgeschnidden. Waat soll daat ganzt eijentlech ?? Wann ech dann die Rieden héieren um Fernseh (de Nool ob de Kapp) vum 28.02.2005, wou et hécht : An de Camping ass zou an bleiwt zou, jidderén muss eroof, a waat mier domadder maan stét nach net fest? Vleicht erem daat selwecht awer ké Résidentiel méi. ??

Dann froen ech mech wierklech, FIERWAAT DAAT GANZT?......FIERWAAT DIE SCHIKANEN ?..........FIERWAAT D'LEIT ESOU KRANK MAAN?.......

Ass daat wierklech Letzebuerjer Politesch Mentalitéit?

Musse mier eis daat wierklech gefaale loossen?? Né, mier mussen kämpfen an daat wärte mier och maan .........................

Mier stinn och net allèng do, ob döser Sait sin och e puer Linken waat d'Press an verschidden Politiker an Parteien, dozou soen.